Ee musikalescht Joerzéngt

Eechternoacher Uergelsummer a senger 10. Editioun

Vum 01. bis den 22. August start den Eechternoacher Uergelsummer dës Joer a seng 10. Editioun.

auto_stories

1 min

headphones

6 min

Jos Majerus, Titularorganist an der Basilika Iechternach an Enseignant  | © radio 100,7 play_arrow
Jos Majerus, Titularorganist an der Basilika Iechternach an Enseignant (Foto: radio 100,7)

De Jos Majerus ass Titularorganist vun der Iechternacher Basilika a programméiert den Eechternoacher Uergelsummer. Dëse start 2025 a seng mëttlerweil 10. Editioun.

Dëst Joer sti mat den Organisten Maurice Clement, Jos Majerus a Ralf Hansjosten an dem Cellist Benedikt Hansjosten souwuel national, wéi och international Artisten an der Basilika um Programm.

Mee wéi eng Relevanz den Uergelsummer fir d'Regioun huet a wéi et a punkto Nowuess an Nofro bei deene jonke bei der Uergel ausgesäit, doriwwer huet sech de Lex Kauffmann vum opus mam Jos Majerus ënnerhalen.

Programm

  • 01.08.2025 - Maurice Clement (Uergel)
  • 08.08.2025 - Jos Majerus (Uergel)
  • 22.08.2025 - Ralf Hansjosten (Uergel) & Benedikt Hansjosten (Cello)

D'Concerte si Freides Owes ab 20 Auer an der Iechternacher Basilika.

Alleguer d'Infoe fannt dir hei.

Lauschterenplay_arrow