De Jos Majerus ass Titularorganist vun der Iechternacher Basilika a programméiert den Eechternoacher Uergelsummer. Dëse start 2025 a seng mëttlerweil 10. Editioun.
Dëst Joer sti mat den Organisten Maurice Clement, Jos Majerus a Ralf Hansjosten an dem Cellist Benedikt Hansjosten souwuel national, wéi och international Artisten an der Basilika um Programm.
Mee wéi eng Relevanz den Uergelsummer fir d'Regioun huet a wéi et a punkto Nowuess an Nofro bei deene jonke bei der Uergel ausgesäit, doriwwer huet sech de Lex Kauffmann vum opus mam Jos Majerus ënnerhalen.
Programm
- 01.08.2025 - Maurice Clement (Uergel)
- 08.08.2025 - Jos Majerus (Uergel)
- 22.08.2025 - Ralf Hansjosten (Uergel) & Benedikt Hansjosten (Cello)
D'Concerte si Freides Owes ab 20 Auer an der Iechternacher Basilika.
Alleguer d'Infoe fannt dir hei.