Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
search

/ Tëscht Piano an Dirigentepult

Klassik Aktuell

Tëscht Piano an Dirigentepult

De Christoph König spillt als Pianist zesumme mat weidere Musiker:innen vun de Solistes Européens, Luxembourg ee Concert vun Haydn, Händel, Mozart a Bach - eng wëllkommen Ofwiesslung vir den Dirigent.

auto_stories

1 min

headphones

7 min

play_arrow
Christoph König

Ënnert dem Motto "Une crèche musicale de Noël" presentéiere Musikerinnen a Museker vun de Solistes Européens, Luxembourg ee Concert mat kammermusikalesche Wierker. Dat méindes owes, de 16. Dezember 2024 am Kammermusekssall vun der Philharmonie. De Stil geet dobäi ganz kloer an d'Museksepochen vum Barock a Wiener Klassik.

Fir de Pianist vum Concert, de Christoph König, ass et nieft senger Aarbecht als Dirigent bei groussen Orchesteren, eng wëllkommen Ofwiesslung.

Am Gespréich mam Lex Kauffmann schwätzt de Museker iwwert seng Roll als Pianist an och iwwert seng nei Tâche als éischten Haaptgaaschtdirigent an der Geschicht vun der Warschauer Philharmonie.

Lauschterenplay_arrow

Alleguer d'Infoen zum Event fannt dir hei.