Weltdag ouni Tubak

Een Drëttel vun den Awunner hei am Land fëmmt reegelméisseg

Haut ass de Weltdag ouni Tubak an d'Fondation Cancer hat am Virfeld dovunner nei Chiffere fir eist Land publizéiert: Hei am Land fëmmt ronn en Drëttel vun den Awunner iwwer 16 Joer reegelméisseg oder heiansdo. Dat geet aus enger Ilres-Ëmfro ervir.

auto_stories

1 min

© EPA/TOLGA AKMEN
(Foto: EPA/TOLGA AKMEN)

De Konsum fänkt fréi un, dacks scho virum 18. Gebuertsdag. Generell géif de Konsum vun deene Jonken engem Suerge maachen. Dat hat de Lex Schaul vun der Fondation Cancer dës Woch op eiser Antenne gesot.

Dobäi fëmmen déi meescht Jonk weiderhin déi traditionell Tubakszigaretten. Vill gräifen awer och zur elektronescher Zigarett, mee och d'Nikotinsäckelcher, déi sougenannte Pouches, hu bei de 16 bis 24 Järegen vill Succès.