Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Maddalena Lombardini Sirmen - Concerto fir Gei Nr.1 a Si bémol Majeur, Op. 3, II. Andante - Zefira Valova (Gei/Dir.), Il Pomo d'Oro

play_arrow Live
opus

/ Ëffentlech Finanzen a Frankräich solle "sanéiert" ginn

No där éischter Regierungsdeklaratioun am Parlament

Ëffentlech Finanzen a Frankräich solle "sanéiert" ginn

Bis d‘nächst Joer soll de Staatsdefizit op 5 Prozent vum PIB erofgoen. Bis 2029 soll en dann erëm op enger Linn mat den europäeschen Engagementer sinn an deemno ënner 3 Prozent vum PIB falen. 

auto_stories

1 min

Michel Barnier | © picture alliance / ROPI | Cesareo/Fotogramma
Michel Barnier, franséiche Premier (Foto: Archiv)

Fir dat Zil ze areeche soll d‘nächst Joer virun allem bei den Depense gespuert ginn. Och um Steierhiewel soll ugesat ginn: grouss Entreprisen, déi grouss Profitter maachen, sollen hiren Deel bäidroen. An och déi räichst Fransouse sollen eng "exzeptionell Contributioun“ maachen, esou nach de Michel Barnier.