Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Carl Nielsen - Little Suite, Op.1, II. Intermezzo - Academy of St. Martin in the Fields, Neville Marriner (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Eidel Käpp, eidel Regaler

Fräie Mikro

Eidel Käpp, eidel Regaler

Den Donald Trump huet seng Regierung fir säin zweet Mandat virgestallt. Seng Ënnerstëtzer gi belount, ob se fachlech kompetent sinn oder net. Ee fir d’Zukunft vun der US-amerikanescher Jugend wichtege Posten ass deen, deen zoustänneg ass fir Schoul a Bildung. E puer Iwwerleeunge vun der Simone Beck

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow
D'Simone Beck ass Presidentin vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun.

Als agefleeschte Republikaner ass den Donald Trump géint eng ze staark Amëschung vu Washington an d'Liewe vun den US-Bierger. Hien iwwerléisst léiwer den eenzele Staaten et, sech an d'Schicksal vun de Mënschen anzemëschen. Jee no Staat änneren d'Gesetzer iwwer d'Ofdreiwung oder d'Doudesstrof, iwwer den Zougang zu Wallëschten oder de Krankekeesen. An elo huet et och d'Schoulwiesen erwëscht.

Gefor vun enger oppener an inklusiver Schoul

D'Linda McMahon, déi responsabel gëtt fir d'Schoul- a Bildungswiesen, ass Milliardärin, déi mat hirem Mann e Verméigen un der Spëtzt vu World Wrestling Entertainment gemaach huet. Wierklech dee richtegen Hannergrond fir hiren neie Job. Si huet nämlech als Cabinetsmember d'Aufgab, den Department of Education ofzeschafen, fir - wéi den Donald Trump gesot huet - "to send all education work and needs back to the states".

Wann dat sollt Wierklechkeet ginn, fale Milliarden u Fongen, Bourssen a finanziell Ënnerstëtzunge fir d'Schoulwiesen ewech. Betraff dovu wiere Millioune Kanner a Jugendlecher tëschent 5 an 18 Joer. Och suergt dësen Departement dofir, datt d'Gesetzer géint Diskriminatioun am Schoulwiese respektéiert ginn an d'Grondlage fir en inklusive Schoulsystem funktionéieren. Grad esou e Schoulsystem ass vill Republikaner en Dar am A. Chrëschtlech Wäerter an Oppositioun géint all Form vu Genderfroe weise sech elo schonn an eenzele Staaten.

Wat schuet de Kanner?

Am Texas gouf elo an de Primärschoulen en Alternativcurriculum mat Bibelcoursë gestëmmt, wat natierlech dem Donald Trump seng evangelikal Supporteren zefriddestellt. Am Louisiana huet de Gouverneur e Gesetz ënnerschriwwen, dat verlaangt, datt an all Klassesall déi Zéng Geboter mussen hänken. E staatlecht Gesetz géint Obszönitéit verbitt an Tennessee all Publikatioun, déi iergendeng sexuell Konnotatioun huet. A Florida - "Don’t say gay" - ass et verbueden, an den ënneschte Klassen iwwer sexuell Orientatioun oder Identitéit ze schwätzen.

Bicher ginn eréischt zeréck an d'Regaler vun de Schoulbibliothéike gesat, bis e Gremium gepréift huet, datt se net méi "harmful to children" sinn. Wat och ëmmer dat heescht an enger Gesellschaft, wou a ville Géigende physesch Gewalt zum Alldag gehéiert.

25 Joer UNESCO-Schoulen zu Lëtzebuerg

Haut, den 28. November, feiert d'Lëtzebuerger Netzwierk vun den UNESCO-Schoule säi 25. Anniversaire. Dëst Netzwierk ëmfaasst véier Schoulen aus dem Fondamental an 12 Lycéeën, déi sech an hirem Alldag an an thematesche Projete mat Wäerter wéi Respekt, Ëmwelt, Fridden, Inclusioun a Diversitéit beschäftegen. Et ass ze hoffen, datt hir US-amerikanesch Kolleegen dës Wäerter a véier Joer nach erëmfannen.

Lauschterenplay_arrow

Mam Zil déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.