Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
opus

/ Éischte Start vun der Katrin Kohl bei de Paralympesche Spiller

100 Meter Rollstull Course

Éischte Start vun der Katrin Kohl bei de Paralympesche Spiller

D'Katrin Kohl geet haut bei de Paralympesche Spiller un de Start. Eng Woch nom Ufank vun de Kompetitiounen zu Paräis ass si fir Lëtzebuerg kuerz no Mëtteg an der 100-Meter-Rollstull-Course am Asaz. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Comité Paralympic Luxembourg play_arrow
Foto: Comité Paralympic Luxembourg

Dat an der Klass T54: Dat ass déi Klass, fir Rollstull-Sportler:innen, déi hire Kierper voll benotze kënnen, awer eng duerchschnëttlech oder staark Defizienz vun der Beweegung vun de Been hunn oder keng Been hunn.

Déi 28 Joer al Sportlerin kann iwwer eng Wild Card vum Internationale Paralympesche Comité zu Paräis dobäi sinn. Et ass hir éischte Kéier beim gréissten Evenement fir handicapéiert Sportler:innen. Si huet Spina bifida, eng ugebuere Feelbildung vun der Wirbelsail.

Zanter 2021 um Weltniveau present

Zanter 2017 mécht d'Katrin Kohl Para-Athletissem. Zanter 2021, bei hirer Participatioun um "World Para Athletics Grand Prix", ass si op Weltniveau present.

Iwwert d'100-Meter huet si eng Beschtzäit vun 19 Sekonnen an 13/100el. Nieft den 100-Meter, iwwer déi si bei de Paralympics untrëtt, hëlt si soss nach un 200-, 400- an 800-Meter-Courssen am Rollstull deel. 

Vun 12h07 de Mëtteg u steet déi éischt Ronn um Programm. Sollt d'Katrin Kohl do weiderkommen, da wier si den Owend um hallwer 9 an der Finall dobäi.

Net an d'Finall gepackt

Bei de Paralympesche Spiller zu Paräis huet d’Katrin Kohl et net an d’Finall vun der Rollstull-Course iwwert d’100m gepackt: Si gouf an der Mëttesstonn an hirer Serie déi 7. a Lescht. D’Katrin Kohl hätt missen ënnert déi 3 éischt kommen, fir den Owend ëm d‘Medailen ze kämpfen. D’Lëtzebuerger Para-Athletin blouf iwwer eng Sekonn iwwer hirer Beschtzäit.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Olympesch Spiller 2024
Sport