Radioen

On air

Musek fir déi ganz Famill  |  Johann Ludwig Bach - Concerto a Ré Majeur, I. Allegro - Berliner Barock Solisten, Reinhard Goebel (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Eklektesch, an awer vereent

KLASSIK ALBUM VUN DER WOCH

Eklektesch, an awer vereent

Den HD Duo presentéiert Wierker vu sechs zäitgenësseschen, australesche Komponisten. Déi zentral Roll spillen dobäi ëmmer de Saxophon an de Piano.

auto_stories

20 min

headphones

7 min

play_arrow

Lauschterenplay_arrow

HD Duo

Den HD Duo setzt sech aus dem Pianist David Howie an dem Saxophonist Michael Duke zesummen. Fir den Disk Bird Spirit Dreaming huet den Duo zwee Stécker an Optrag ginn. Aner Wierker goufe vun de Komponiste fir Saxophon a Piano ëmgeschriwwen, oder vum HD Duo selwer adaptéiert.

 

Doriwwer eraus…

De Michael Duke an den David Howie spillen awer net nëmmen zu zwee. Bei verschiddene Wierker kréien si Ënnerstëtzung vum Geiist Evgeny Sorkin, vum Cellist Julian Smiles a vum Perkussionist Kevin Man.

Mat den zwee Sträichinstrumenter harmonéiert den HD Duo a sengem eegenen Arrangement vu Rockpool Dreaming wonnerbar. An déi bësse Perkussioun am Titelstéck vum Album, erweidert de klangleche Spektrum mat puer taktesch gutt exponéierten Awërf.

 

De roude Fuedem vum Album

All Komponist huet seng eege kompositoresch Handschrëft, an awer loosse sech hir Wierker wonnerbar op engem Album kombinéieren.

Sou schaffen zum Beispill de Peter Sculthorpe an de Ross Edwards mat imitéierten Naturgeräischer (Vugelgesang) an de Matthew Hindson mat véierels Téin an arabesche Kläng. De Matthew Orlovich baut jazzeg, bal Bebop-aarteg Elementer a seng Kompositioun an. Et sinn och süd-ost-asiatesch Harmonien op dësem Disk eraus ze héieren.

Wat d’Stécker all verbënnt, ass eendeiteg d’Besetzung an d’Thematik: An alle Wierker ass Saxophon zesumme mam Piano ze héieren. An jazzeg ugehaucht sinn déi meescht Kompositiounen och.

Doriwwer eraus schéngen déi sechs Komponisten eng staark Verbonnenheet zur Natur an zu de Kulturen vun dëser Welt ze spieren. Dat léisst sech net nëmme klanglech op dësem Disk novollzéien, mee och an de Biographië vun de jeeweilege Komponisten. Domat weist dësen Album och, wat d’Komponisten op der anerer Säit vun der Welt beschäftegt, begeeschtert an inspiréiert.

 

Zäitgenëssesch, an awer…

…liicht verdaulech. Et muss een sech fir dës Musek beim Nolauschteren net ustrengen. D’Kläng erkläre sech vum selwen. Dat läit warscheinlech dorun, datt vill konkret, eendeiteg Harmonien, Imitatiounen a verschidde Stiler eklektesch matenee verbonne ginn.