Elektromobilitéit

Elektromobilitéit gewënnt u Beléiftheet: 10 Mol méi Immatrikulatioune wéi viru 6 Joer

Stand Enn August si ronn 45.500 Elektroween zu Lëtzebuerg immatrikuléiert, hunn d'Klimaagence an den Automobilsclub ACL de Moie matgedeelt.

auto_stories

1 min

© Eric Ewald
(Foto: Eric Ewald)

Fir d’Leit iwwer d’Elektromobilitéit ze informéieren, ass nächste Weekend an der Coque déi zweet Editioun vum “GO electric day”. D’Klimaagence an den ACL organiséieren dat Evenement, bei deem iwwer 40 Aussteller déi Interesséiert iwwer all d’Facettë vun der Elektromobilitéit informéieren. 

Testfaarte mat 25 Autoe méiglech

Ënner anerem kënnen dann och op der Plaz Elektroautoe getest ginn. De Peter Recking, bei der Klimaagence zoustänneg fir d’Elektromobilitéit. 

"Dëst Joer hu mer et esou gemaach, datt am Fong an der Mëtt eng Zone de rencontre ass, mat de Stänn vun ACL an der Klimaagence. An der Arena fënnt een haaptsächlech d'Autoen."

Insgesamt wiere 70 Modeller op der Plaz. 

"Dovu sinn der knapp 50 exposéiert an eng 25 wäerte fir d'Testfaarten zur Verfügung stoen. D'Leit kënne wierklech mam Conseiller vum jeeweilege Concessionnaire einfach vum Stand bei den Auto goen an dann och direkt en Tour iwwert de Kierchbierg fueren."

Zejoert, um éischten “GO electric day”, goufen eng 1.200 Visiteure gezielt a ronn 200 Testfaarten.