An der Vakanz trieden déi kulturell Institutiounen an der Ëffentlechkeet an der Reegel méi lues op, well si entweder eng wuelverdéngte Paus aleeën, oder mat der Virbereedung vum neie Programm fir d’Rentrée beschäftegt sinn. Dat verhënnert awer net, datt och am Summerlach d’Gemidder sech kënnen erhëtzen, an de Kultursträit gär a Kulturstreidereien ausaart.
Den Ego steet am Mëttelpunkt
Esou huet dësen August e jonke Regisseur eng schaarf Kritik iwwer säi Film zimmlech iwwel geholl, wat zu engem grad esou schaarfen Austausch mat Kritiker aus der Filmbranche gefouert huet.
E puer Woche virdrun ass et och zimmlech haart zougaangen, wéi e Kënschtler sech demonstrativ op Facebook iwwer eng Buchkritik aus enger Wochenzeitung opgereegt huet, wat alt erëm eng verbal Oprüstung am Milieu ausgeléist huet.
Esou Fäll, déi reegelméisseg virkommen, sinn am Fong Anekdoten, well béid Säiten därmoosse vu sech a vun hirem Standpunkt ageholl sinn, datt an der Diskussioun kaum nach de Sënn vun engem Wierk beschwat gëtt, mee just nach den Ego vum Mënsch am Mëttelpunkt steet.
Polemiken an hëtzeg Diskussiounen
An der Kultur ass de Sträit dacks nach méi prägnant wéi an anere Beräicher, well d’Subjektivitéit eng zentral Roll an engem Wierk, wéi och an der Kritik, spillt. Mee wéi definéiert een d’Qualitéit vun engem Wierk, a wien ass kompetent, fir driwwer ze beurteelen? Dat si Froen, déi dacks keng definitiv Äntwert fannen.
Och Präisauszeechnungen, déi d‘Kulturzeen an der Reegel mat Äerdegkeet verfollegt, brénge munchmol méi Kaméidi wéi gewënscht. Sou ass bei de Lëtzebuerger "Bünepräisser", déi deemnächst Theaterproduktioune belounen, am Virfeld eng Polemik ronderëm d’Zesummesetzung vum Jury an den Oflaf vun der Prozedur ausgebrach.
Lescht Joer gouf et eng hëtzeg Diskussioun iwwer d’Auswiel vun der Shortlëscht fir de Lëtzebuerger Buchpräis, wou zwee Auteuren de Mangel un Transparenz vun där Auswiel hannerfrot hunn.
Natierlech kéint een esou Streidereien als banal Wuertgefechter vu beleidegte Kulturacteuren - déi, déi kritiséiert ginn, wéi och d‘Kritiker - astufen. Mee déi Polemike soen och eppes iwwer den Zoustand vun eiser Gesellschaft aus.
Den Trend vun der Zäit
D’Kulturzeen zu Lëtzebuerg gëtt vun engem relativ klenge Krees vun Acteure beherrscht. E Krees vun ausgewielte Leit, déi d’Kulturlandschaft bestëmmen a sech net gär eppes soe léisst. Et ass ee Beräich, wou vill Kreativitéit, vill Talent a vill Energie ze fannen ass, mee et ass och eng Bün, wou ee sech gär op d’Schëller klappt.
Dat ass keng Lëtzebuerger Eenzegaartegkeet, et fënnt een dat och am Ausland. Beispiller ginn et der genuch, wéi d’Oscarzeremonie zu Hollywood oder de Festival vu Cannes, wou déi international Filmbranche mat Prestige a Glamour paradéiert. Oder déi bekannt Literaturpräisser, déi duerch gutt geuelegt Marketingstrategien Opmierksamkeet schafen.
Och an der Kultur gehéiert de Kaméidi zum Trend vun eiser Zäit.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de Radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum Radio 100,7.