Radioen

On air

Musek fir déi ganz Famill  |  Wolfgang Amadeus Mozart - Sonat a Ré Majeur KV 381, III. Allegro molto - Zala a Val Kravos (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Emmanuel Macron wëll, datt Gabriel Attal den Interim mécht

Fir Stabilitéit ze garantéieren

Emmanuel Macron wëll, datt Gabriel Attal den Interim mécht

De franséische Premier Gabriel Attal huet de Moien dem President Emmanuel Macron seng Demissioun presentéiert. Een Dag no de Parlamentswalen, bei deene sech keng Regierungsmajoritéit erauskristalliséiert huet.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Andrea Savorani Neri
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Andrea Savorani Neri)

De President Macron huet, wéi erwaart, de Gabriel Attal gefrot, fir bis op Weideres mol nach den Interim ze maachen, fir d‘Stabilitéit vum Land ze garantéieren.

Ween neie Premier gëtt, ass nach net gewosst: Et kënnegt sech eng schwiereg Regierungsbildung un. Déi lénks-gréng Allianz Nouveau Front Populaire huet jo am Meeschten Deputéiert an der neier Assemblée Nationale kritt. Méi wéi dem President Macron seng Allianz Ensemble, a méi wéi de rietsextreme Rassemblement National.