Migratioun

Ëmstriddenen EU-Text iwwer Migratioun: Regierung kritt Réckewand vun der Oppositioun

D‘Immigratiounspolitik ass nees e Sträit-Thema an der europäescher Unioun. Dat ass um EU-Sommet leschte Freideg kloer gi wéi eng Partie Länner, ënner der Koordinatioun vun Dänemark, een Text virgeluecht hunn, deen eng ganz restriktiv Migratiounspolitik envisagéiert.

auto_stories

3 min

Den ëmstriddenen Text ass allerdéngs vu Frankräich, Spuenien a Lëtzebuerg zréckgewise ginn, dat well e géint europäesch Grondwäerter géif verstoussen. An der aussepolitescher Kommissioun huet d‘Regierung haut Ënnerstëtzung vun der Oppositioun kritt.

Eisen Informatioune seet deen Text, datt eng irregulär Migratioun eng "seriö Erausfuerderung fir d’Gesellschaft" duerstellt, "d’Gesondheets- an d’Educatiounssystemer ënner Drock setzt" a sech "negativ op d’Kriminalitéits-Tauxen auswierkt".

LSAP: Mol eng Kéier enger Meenung 

Dem LSAP-Deputéierte Yves Cruchten säi Statement an der aussepolitescher Chamberkommissioun war kloer: D'Regierung hätt an dësem Fall richteg gehandelt.

"Ech si mer jo dacks net ze schued fir d'Regierung ze kritiséieren. Hei muss ech awer soen, dass d'Regierung dat d'Richtegt gemaach huet."

D'Regierung ënnert dem Premier Luc Frieden hätt sech op dësem EU-Sommet, op d'Säit vun de Länner gestallt, déi Recht hunn, esou de Yves Cruchten. Och wann dat bedeit zu der Minoritéit ze gehéieren.

"An dofir sinn ech der Meenung, dass den Här Frieden do ganz Recht hat." 

Déi gréng: Um richtege Wee 

Och d'Sam Tanson vun déi gréng fënnt, datt d'Lëtzebuerger Regierung hei um richtege Wee ass. Si géif dem Premier seng Entscheedung, dës Conclusioun op europäeschen Niveau net matzedroen, begréissen. 

 "Well en net domadder d'Accord wär, well en och der Meenung wär, dass et e ganz Pak u Reegele gëtt."

Nach de Moien hunn de polnesche Premier Donald Tusk an de ungaresche Regierungschef Péter Magyar nees drop verwisen, datt eng ze lasch Immigratiounspolitik zu Evenementer wéi déi rezent Manifestatiounen a Frankräich kéinte féieren: En Amalgam deen een dem Sven Clement vun de Piraten no net maache kéint.

Piraten: Onzefriddenheet huet näischt mat Migratioun ze dinn 

"Wa just nach per Dekret regéiert ka ginn, wa just nach vun uewen erof diktéiert gëtt, da gëtt et eng Onzefriddenheet, dat huet awer wéineg mat Immigratioun ze dinn."

Wann Leit keng Aarbecht méi fannen an d'Liewenskäschte klammen, da géifen se onzefridde ginn. Mee dat huet wéineg mat Immigratioun ze dinn, esou den Deputéierte vun de Piraten.

ADR fillt sech op EU-Niveau bestätegt 

Datt Lëtzebuerg op europäeschen Niveau mat senger Positioun éischter eleng do steet, gesäit de Fred Keup vun der ADR als positiv Zeeche fir d'Politik vu senger Partei. ADR géif mat hirer Positioun elo an der Mëtt vun der Politik an Europa stoen. 

"Datt mer am Fong dat vertrieden, wat déi meeschte Länner och wëllen ëmsetzen"

Leider géif Lëtzebuerg dat "erëm eng Kéier" verhënneren. Fir de Fred Keup stinn an der dänescher Propos fir d'Immigratioun ganz räsonabel Saachen dran, déi d'ADR géif ënnerstëtzen. D‘Onrouen a Frankräich wiere senger Meenung no eng vun de Konsequenz vun der aktueller Immigratiounspolitik, wann och net déi eenzeg.