Aktuell géif en Aarbechtsgrupp un den Attributioune vun den Aide-soignanten an un enger Passerell tëschent Aide-Soignant an Infirmier schaffen. An de leschten zéng Joer wieren iwwerdeems 36 Aide-Soignanten an der Infirmièresschoul zougelooss ginn.
Santé
En Aarbechtsgrupp schafft aktuell un der Revalorisatioun vum Aide-Soignants-Beruff
D‘Regierung wéilt dëst Joer am Hierscht en Avant-Projet de Loi zu der Revalorisatioun vum Aide-Soignants-Beruff deposéieren. Dat äntwert d‘Gesondheets- a Sozialministesch Martine Deprez op eng parlamentaresch Fro vun de Piraten.
auto_stories
1 min
(Foto: picture alliance / CHROMORANGE | MICHAEL BIHLMAYER)