Radioen

On air

Wuelklang nom Iessen  |  Franz Schubert - Sinfonie Nr.5 a Si bémol Majeur, D. 485, I. Allegro - Concentus Musicus Wien, Stefan Gottfried (Dir.)

play_arrow Live
search

/ En Duo wéi en Diamant

Klassik Aktuell

En Duo wéi en Diamant

"Glass Two" - Den neien Album vum Vibraphonist Pascal Schumacher an der Pianistin Danae Dörken

auto_stories

1 min

headphones

12 min

play_arrow
Pascal Schumacher & Danae Dörken © Julian Mährlein

"Glass Two" ass de neien Album vum Pascal Schumacher. Als zweeten Deel u säi "Glass One" huet de Pascal Schumacher elo zesumme mat der däitsch-griichescher Pianistin Danae Dörken Wierker vum Philip Glass an eege Kompositiounen opgeholl.

Déi zwee hunn sech viru ronn engem Joer kenne geléiert an et huet direkt "gefonkt". Viru Kuerzem war de Release-Concert fir den Album an der Elbphilharmonie zu Hamburg, an a nächster Zäit sti weider Projeten um Plang.

Wat nach alles komme wäert, wéi et zu deser Kollaboratioun komm ass, a firwat de Philip Glass am Vierdergrond steet, dat hunn d'Pianistin an de Vibraphonist dem Marie Schockmel an engem Gespréich verroden.

Kuerzen Interviewplay_arrow

Ganzen Interviewplay_arrow