Vill Variatioun mat der néideger Rou
D’Wierker fir Cello a Piano vum Claude Debussy, Francis Poulenc an Igor Stravinsky, si geprägt vu staarke Kontraster. Sief et mol an der Lautstäerkt, mol an der Stëmmung, an der Klangfaarf, an och mol alles zesummen. D’Cellistin Amalie Stalheim an de Pianist Christian Ihle Hadland hu fir déi séier Wiesselen eng gutt Balance tëschent der héijer Energie an enger passender Grondrou fonnt. Si gënne sech an der Agogik net vill Extravaganzen. Dofir huele si den Nolauschterer an engem Otemzuch mat an all Wierk eran. Dat spiert ee virun allem bei der Sonat vum Debussy.
En optimalen Dialog
Besonnesch ervirzehiewe sinn dobäi d’Präzisioun vun der Artikulatioun am Cello an dat glaskloert Klangbild am Piano. Déi zwee norwegesch Museker schénge sech eenz ze sinn, datt Transparenz bei sou vill Variatioun an der Partitur wichteg ass. Doduerch kann ee beim Lauschteren all melodesch Linne gutt verfollegen. Virun allem dann, wann d’Melodien ëmmer nees tëschent dem Cello an dem Piano hin an hir gereecht ginn, ass déi Kloërheet sënnvoll. D’Amalie Stalheim gëtt mat hirer präziser, bal messerschaarfer Bouféierung an awer eleganter Phraséierung, ëmmer ideal vum Pianist encadréiert. All Figuren an de verschiddensten Tessiture kommen ouni gréisseren Effort eraus. De Christian Ihle Hadland versteet et do och am passende Moment mat der richteger Hand d’Féierung ze iwwerhuelen fir en optimalen Dialog mam Cello opzebauen.
Präzisioun mam néidege Kick
Dat präziist Zesummespill ass awer net alles. Och déi néideg Energie ass um Rendez-Vous, wa se gefuerdert ass. Déi spiert ee ganz gutt an der Suite Italienne vum Stravinsky. Déi ganz däitlech a liicht accentuéiert Bouféierung an de séiere Säz mécht d’Interpretation nämlech net nëmme präzis, mee och sprëtzeg. De Piano schaaft och hei nees de passende klangleche Kader fir der Liichtegkeet an der Energie e weidere Kick ze ginn.
