De Simon Estes war den éischte schwaarze Bassbariton, deen op de Bayreuther Festspiller grouss Rolle krut. De Wolfgang Wagner huet hien an de 70er Joren och agelueden, fir de Fliegenden Holländer ze sangen. Jore virdrun hat de Simon Estes aner Pläng ewech vun der Gesangskarriär. Studéiert huet hie Medizin a Psychologie. Schlussendlech huet hien seng Passioun fir d‘Operesange fonnt. D‘Maria Gutierrez verréit eis méi.