Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Georg Friedrich Händel - Concerto Grosso Nr.3 a Sol Majeur, HWV 314, III. Allegro - Berliner Barock Solisten, Reinhard Goebel (Dir.)

play_arrow Live
search

/ En emotional geluedent Wierk

Klassik aktuell

En emotional geluedent Wierk

Beim Allerséileconcert (2.11.) proposéiert de Méchelschouer dem Antonin Dvořák säin 'Stabat Mater'. Am Gespréich schwätzt den Dirigent Gerry Welter iwwer d'Hannergrënn vum Wierk.

auto_stories

1 min

headphones

7 min

Dirigent vum Mechelschouer | © radio100,7 play_arrow
Gerry Welter (Foto: radio100,7)

Et ass eent vun deene Wierker, dat de Gerry Welter virum Enn vu senger Karriär nach emol dirigéiere wëll: De 'Stabat Mater' vum Antonin Dvořák. En Donneschdeg, 2. November geet dëse Wonsch an der Méchelskierch an Erfëllung. D'Kompositioun steet do mam Méchelschouer, véier Solisten an dem Orchester Estro Armonico op der Affiche. De Luc Boentges schwätzt mam laangjäregen Dirigent vum Chouer iwwer d'Wierk, wat et esou besonnesch mécht a wisou et esou emotional gelueden ass.

Lauschterenplay_arrow