Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Robert Schumann - Sinfonie Nr.3 a Mi bémol Majeur, Op. 97, IV. Feierlich - Cappella Aquileia, Marcus Bosch (Dir.)

play_arrow Live
search

/ E berüümte Geschwësterduo aus England am Trifolion

Klassik Aktuell

E berüümte Geschwësterduo aus England am Trifolion

De Sheku an d'Isata Kanneh-Mason spillen dësen Donneschden (16.05.) hiren alleréischte Concert hei am Land, am Trifolion zu Iechternach.

auto_stories

1 min

headphones

7 min

play_arrow

Dësen Donneschde spillt ee weltberüümten Duo ee Concert am Trifolion zu Iechternach. Et ass de brittesche Geschwësterduo mam Sheku an der Isata Kanneh-Mason. De Sheku ass Cellist, an hien ass zemools berüümt well hien e Concert op der Hochzäit vum Prënz Harry an dem Meghan Markle gespillt huet. D'Isata ass Pianistin a spillt vill Solo-Concerte ronderëm d’ganz Welt. Elo kommen déi zwee fir d’alleréischt Kéier op Lëtzebuerg – fir e Concert mat engem ganz romantesche Programm.

D'Maria Gutierrez verréit eis méi iwwert de Sheku Kanneh-Mason.

Lauschterenplay_arrow