Harmonie trotz Sturm und Drang
Wéi ass dat méiglech? Andeems de ganzen Orchester mat gebündelter Energie déi deskriptiv Musek duerchlieft. D’Staatskapelle Weimar, hei ënnert der Leedung vum ukraineschen Dirigent Kirill Karabits, zeechent sech aus duerch eng optimal klanglech Balance an en natierleche musikaleschen Austausch.
Och wann et am Franz Liszt senger Faust-Sinfonie stiermesch gëtt a sech den Toun verschäerft, fënnt sech den Orchester ëmmer am selwechte Stroum mat intensivem Drang erëm. Dat mécht d’Interpretatioun net nëmme präzis an zilgeriicht, mee och stëmmeg, virtuos an onëmgänglech. Déi harmonesch Eenheet am Orchester, mat där een dem Goethe seng Dramatik vum Sturm und Drang duerchlieft, léisst engem keng Chance, fir net aktiv nozelauschteren. Et ass eng gelongen Interpretatioun, déi erzielt.
En transzendentaalt Erliefnes an 3 Akten, mat zousätzlecher Erléisung
Géing et Iech reizen Deel vun enger anerer, fiktiver Welt ze sinn? Sou detailléiert vertount, datt se scho bal wierklech erschéngt? Dann ass d’Faust-Sinfonie vum Franz Liszt sécher eng gutt Wiel. Hei ginn nämlech net nëmmen d’Figuren aus dem Goethe sengem Meeschterwierk musikalesch duergestallt, mee den Nolauschterer gëtt matagesaugt a verschmëlzt mat de Figuren hire Widderspréch. De Liszt huet a senger Kompositioun der Titelfigur Faust, dem Gretchen an dem Mephisto jeeweils ee Saz gewidmet.
Schonn den Ufank vum éischte Saz, deen de Faust charakteriséiert, verréit datt et keng onkomplizéiert Rees wäert ginn. Eng Melodie ouni Begleedung, a virun allem ouni determinéiert Tounaart weist schonn op dem Faust seng ënnerlech Onrou hin. Och wann et vill douce a mystesch Amenter gëtt, sou feelt et awer net un opgewullten a stiermesche Passagen an deene sech seng Persoun entfaalt.

Zimmlech konkret musikalesch Virstellung vum Däiwel
Dee méi rouegen zweete Saz, deen d’Gretchen ëmschreift, wierkt nëmmen op den éischte Coup onschëlleg. Déi vill kammermusikalesch Passage maachen aus dësem Saz en dramateschen, bal e sproochlech ausgeschwaten Austausch vu Gefiller a Gedanken.
De Mephisto gëtt als lescht Figur vertount. Et ass interessant rauszelauschteren, wéi de Franz Liszt hei änlech kompositoresch Technike benotzt, wéi a senger bekannter éischter Mephisto Waltz. De Liszt schéngt eben eng zimmlech konkret musikalesch Virstellung vun den diabolesche Charakterzich gehat ze hunn.
Nees zeréck an d’Realitéit
A wann een déi dräi Figurenduerchlieft huet, gëtt een dann zum Schluss am véierte Saz mat enger Aart operenhafter Erléisung vun der ‘Tragödie’ an dat wierklecht Liewen entlooss. Allerdéngs mat der irreversibeler Verwandlung, déi een als Nolauschterer beim Lauschteren duerch gemaach huet...
Eng Entdeckung
Dat lescht Wierk op dësem Disk ass net dem Liszt seng bekannt éischt Mephisto Waltz, mee déi drëtt. An zwar gespillt an engem orchestralen Arrangement dat an Zesummenaarbecht tëschent dem Kirill Karabits an dem Alfred Reisenauer entstanen ass.
D’Wierk profitéiert ganz sécher vun der gutt gewielter Orchestratioun. Et gëtt och scho passend Virlage vum Liszt selwer, deen zum Beispill seng éischt Mephisto Waltz fir Piano orchestréiert huet.
E faarwegt Arrangement
Dëst Arrangement kléngt schonn nach no Liszt, mee kombinéiert mat Klangfaarwen, wéi ee se éischter vum Berlioz, Tchaikovsky oder och vläicht vum Ravel géing erwaarden.
Et ass eng faarweg Aart a Weis fir e Wierk mat wéinegen Themen a Motiver mat vill Variatioun ze gestalten.