Bei den aktuelle Chantiere géif opgepasst ginn, datt sech d’Aarbechten an d’Deviatiounen net géigesäiteg behënneren, erkläert de Roland Fox, Direkter vu Ponts et Chaussées.
"Mir hunn op der Nordstrooss momentan d'Tunnel-Maintenance an op der N7, do gëtt den Tapis nei gemaach. Dat funktionéiert esou, datt am Dag d'N7 gespaart ass an an der Nuecht den Tunnel gespaart ass. Do gëtt da geswitched tëschent den Deviatioune vun där enger Säit op déi aner Säit."
Maintenance-Aarbechten an der Nuecht
An den Autobunnstunnelle gëtt zweemol d’Joer kontrolléiert a gebotzt. D’Sécherheetsekippementer si permanent Stëbs, Ofgasen a Verschläiss ausgesat a musse gläichzäiteg zouverlässeg funktionéieren.
Fir de Verkéier grad elo ronderëm d’Rentrée esou mann wéi méiglech ze stéieren, gëtt haaptsächlech nuets geschafft.
"Et gëtt elo kee gréisseren Tunnel méi um Haaptreseau, wou d'Maintenance nach am Dag ass. Dat heescht, mir maachen d'Maintenance an den Nuechten, an där Zäit, wou am mannsten Trafick ass."
Gréisser Schied duerch déi héich Temperaturen dëse Summer wieren dem Ponts et Chaussées den Ament keng bekannt. Déi aktuell Asphaltmëschunge wieren nach op déi héich Temperaturen ausgeluecht.
Fir de Stroossereseau a Stand ze halen, gëtt déi iewescht Schicht vum Belag an der Reegel ongeféier all zéng Joer erneiert, esou nach de Roland Fox.