Radioen

On air

Musek fir déi ganz Famill  |  Joaquin Rodrigo - Concierto de Aranjuez, I. Allegro con spirito - Junhong Kuang (Gittar), Czech Chamber Philharmonic Orchestra Pardubice, Darrell Ang (Dir.)

play_arrow Live
search

/ Lëtzebuerger Dirigentin um Pult vun der Militärmusek

Klassik Aktuell

Lëtzebuerger Dirigentin um Pult vun der Militärmusek

Ee Concert mat der Militärmusek ënnert der Leedung vun der jonker Lëtzebuerger Dirigentin Véronique Bernar an dem Lieutenant Jean Thill.

auto_stories

1 min

headphones

8 min

play_arrow

E Freideg den 18. September spillt d'Militärmusek ee Concert am Kultursall zu Steesel. Um Programm steet ee "Lëtzebuergesch-Éisträicheschen Owend", bei deem déi jonk Lëtzebuerger Klarinettistin an Dirigentin Véronique Bernar an de Lieutenant Jean Thill dirigéieren.

Am Gespréich huet eis d'Dirigentin Véronique Bernar Detailer zum Programm verroden an erzielt, wat et hir perséinlech bedeit, als eng vun den eenzege weiblechen Dirigentinnen d'Militärmusek ze leeden. Zudeem schwätzt si am Gespréich mam Lex Kauffmann iwwert hir perséinlech Beweeggrënn, Direktioun ze studéieren a wéi Fraen an der Fonctioun vun enger Dirigentin generell akzeptéiert sinn.

Lauschterenplay_arrow