Op der 60. Konschtbiennale zu Venedeg huet och Lëtzebuerg e Pavillon. Ugefaangen huet se am Abrëll, a se geet nach bis Enn November. D’Biennale mam Titel ‘Strangers Everywhere’, ass eng Plaz op där sech net nëmme Nationalitéiten, mee och Konschtforme kräizen: visuell Performancen a sougenannte Soundscapes – also Klanglandschaften. De Jeff Schinker war op der Biennale an huet éischt Andréck no dëser Opféierung agefaangen.