Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Charles Gounod - Je veux vivre, aus "Roméo et Juliette" (Oper) - Marina Rebeka (Sopr.), Sinfonieorchester St. Gallen, Michael Balke (Dir.)

play_arrow Live
search

/ Eng Komponistin vun Debussy bis Penderecki

Album vun der Woch

Eng Komponistin vun Debussy bis Penderecki

hänssler Classic huet en Disk mat ausschliisslech Musek vun der Grete von Zieritz erausbruecht. Et ass réischt den zweeten Disk, exklusiv mat Musek vun der éisträichesch-däitscher Komponistin.

auto_stories

19 min

headphones

6 min

play_arrow

Grete von Zieritz (1899-2001)

Zu der Zäit vum Debussy an dem Elgar mam Komponéieren ugefaangen, a réischt 1999, mat zäitgenëssesche Komponiste vun haut opgehalen. D’Grete von Zieritz gouf 1899 zu Wien gebuer an ass 2001 zu Berlin gestuerwen.

Hiert éischt Wierk, eng Romanz fir Gei a Piano, ass vun 1912. Dat Lescht, e Präludium a Fuge fir Uergel, huet si am Alter vun 100 Joer geschriwwen. Domat hat d’Grete von Zieritz eng Schafensperiod vu 87 Joer.

Si war eng zu hirer Zäit verhältnesméisseg erfollegräich Komponistin. 1928 gouf si mam Mendelssohn-Präis ausgezeechent. Si ass no an no méi a Vergiessenheet geroden. Hire Kompositiounsproff, de Franz Schreker, sot: ‘Schade, dass Sie kein Mann ist. Sie wird es schwer haben’. Mee, dat Schicksal trëfft awer net nëmmen op d’Grete von Zieritz zou, mee och hir männlech Studiekollegen aus der selwechter Klass, kennt een hautzedaags net méi.

 

D’Wierker um Album

‘D’Japanische Lieder’ fir Sopran a Kammerorchester aus dem Joer 1919, huelen eis mat an eng Welt mat immens ville verschidde Kläng. Spéitromantesch, impressionistesch an awer och expressionistesch, huet d’Grete von Zieritz 10 vu 15 Japanesche Gedichter, vertount. Domat hat si 1921 zu Berlin hiren éischte groussen Erfolleg an dat huet och zum Wonsch gefouert als fräi Komponistin ze liewen.

‘Le violon de la mort’ huet déi éisträichesch-däitsch Komponistin 1953 fir Gei a Piano geschriwwen an 1957 fir Gei, Piano a groussen Orchester arrangéiert. Hei kënnt den expressionistesche Charakter vill méi duerch. Verschidde Passagen si klanglech a kompositoresch zimlech no u Shostakovich, a stinn domat däitlech am Kontrast zu de ‘Japanische Lieder’.

Och beim drëtten a leschte Wierk um Disk, dem Doppelkonzert fir zwou Trompetten an Orchester vun 1975 héiert een eng vill méi grouss Tendenz zum Penderecki wéi zum Debussy.

 

Dowéinst ass dës Produktioun eisen Album vun der Woch

Eleng schonn d’Wandelbarkeet vun enger Komponistin op engem CD sou zesummenzefaassen, ass en Zeeche vun enger gudder Programmatioun. Mee fir déi ze weisen, huet d’Grete von Zieritz sech fir d’éischt mol misse weiderentwéckelen. Komponisten, wéi zum Beispill den Edward Elgar, hu bis zum Schluss vun hirem Liewen an hirem spéitromantesche Stil weidergeschriwwen, och wann si réischt an den 30er Joren vum 20.Joerhonnert gestuerwe sinn.

Et ass och erstaunlech, datt eng erfollegräich Komponistin wéi d’Grete von Zieritz, déi méi wéi 250 Wierker geschriwwen huet an och Auszeechnunge krut, hautzedaags esou wéineg op Disken ze fannen ass.

 

Lauschterenplay_arrow