Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  

play_arrow Live
search

/ Eng Oper am Conservatoire

Klassik-Aktuell

Eng Oper am Conservatoire

D'Schülerinnen a Schüler aus de Chant Lyrique Klassen féieren Bünewierker vum Mozart op, zësumme mam Philharmoneschen Orchester vun de Proffen.

auto_stories

1 min

headphones

10 min

play_arrow

Am Stater Conservatoire kann een eng ganz besonnesch Oper kucke goen. D’Chant Lyrique Klasse ginn op d’Bün a presentéieren eng Reinterpretatioun vum W.A. Mozart sengen Operen. Hir Enseignanten, d’Hélène Bernardy an d’Monique Simon hunn zesumme mat der Pianistin Emmanuelle Bizien Extraiten aus bekannten Opere vum Mozart nei arrangéiert. Begleet ginn si vum Philharmoneschen Orchester vun den Enseignanten, ënner der Baguette vum Carlo Jans.

D’Editioun 2023 ass e Freiden, de 24. November um 20 Auer an e Sonnden, de 26. November um 16 Auer am Auditorium vum Conservatoire an der Stat. Weider Informatiounen, esou wéi d’Reservatioun vun de gratis Tickete fannt dir hei.

Lauschterenplay_arrow