Radioen

On air

De gemittleche Moien  |  Pjotr Iljitsch Tschaikowski - Serenade fir Sträichorchester an Do Majeur, Op. 48, II. Valse - Balkan Chamber Orchestra, Toshio Yanagisawa (Dir.)

play_arrow Live
search

/ Éischten Interview mam neie Chefdirigent

Lëtzebuerger Philharmoniker

Éischten Interview mam neie Chefdirigent

Den neie Chefdirigent an den Direkter vun der Philharmonie am Gespréich. Wéi koum et zu där éischter spontaner Ernennung?

auto_stories

1 min

Den ungareschen Dirigent Martin Rajna (29) gouf haut de moien um 11 Auer an der Philharmonie als neie Chefdirigent an artisteschen Direkter vun de Lëtzebuerger Philharmoniker virgestalt. De Kontrakt fänkt am Hierscht 26/27 un an ass fir eng Dauer vu 4 Saisone virgesinn.

De Martin Rajna huet insgesamt réischt 5 Deeg mam Orchester verbuecht, an deemols 4 Opféierungen dirigéiert. Dat war viru knapp 2 Méint. De Christophe Mirkes huet direkt no der Pressekonferenz mam Martin Rajna geschwat fir rauszefannen, wéi et no éischter spontaner Decisioun weider geet.

Lauschterenplay_arrow

De Luc Boentges huet sech no der Pressekonferenz mam Stephan Gehmacher, dem Direkter vun der Philharmonie, ënnerhalen fir méi iwwert de Prozess vun der Sich fir den neie Chefdirigent gewuer ze ginn. 

Lauschterenplay_arrow

De Martin Rajna war am November 2024 live mat de Lëtzebuerger Philharmoniker um opus 100,7 ze héieren. Lauschtert de ganze Concert hei.