Eng Approche déi iwwerzeegt
Dem Pjotr Iljitsch Tschaikowski seng 6. Sinfonie gehéiert zu deene beléiftste Wierker aus der Museksgeschicht. Deementspriechend heefeg gouf et well opgeholl. Datt eng weider Opnam trotzdeem Sënn mécht, beweisen den Dirigent Markus Poschner an den Orchestra della Svizzera italiana. Wärend aner Interpretatiounen oft monumental wierken, wëlle si éischter an eng kammermusikalesch Richtung goen. D'Resultat iwwerzeegt.
Transparent
Dës Approche héiert een net onbedéngt an der Dimensioun vun der Besetzung respektiv der Lautstäerkt, dofir awer am Klang. Souwuel an de ganz luesen, wéi och an den immens haarde Passagen dominéiert eng héich Transparenz. Zu all Ament sinn déi verschidde Melodien am Orchester däitlech z'erkennen an et mécht Spaass d'Ouer op ëmmer erëm op nei Detailer ze riichten. Domat erreecht de Markus Poschner, datt een als Nolauschterer permanent um Ball bleift.
Net steril
Trotz der Transparenz an all den Detailer zerfält d'Opnam net an hir Eenzeldeeler. De Markus Poschner beweist mat sengen Interpretatiounen e grousst Gefill fir d'Stëmmung. D'Transparenz steet hei net iwwer dem Ausdrock, mä se geet Hand an Hand mat em. Si ass kee Selbstzweck, mä steet am Déngscht vun der Musek.