Erënnerungen aus der Kandheet – där kann ee vill hunn. A Fotoe vun deemools hunn déi meescht och nach. Dat ass och bei der Sophie Balbeur an dem Nik Bohnenberger de Fall. A si hu jeeweils ee Musekswierk doriwwer geschriwwen – dat ganz passend zum Motto “Memory” fir de rainy days Festivalan der Philharmonie. An dëse Sonndeg ginn des Wierker fir d’alleréischt Kéier vum Ensembel Ars Nova Lux opgefouert. Op engem weidere Concert dëse Sonndeg gëtt dem Marco Pütz seng nei Musek "Golden Memories" vun de "Gëllene Fraen" opgefouert - eng Kompositioun voller Humor an inspiréiert ënnert anerem um Ragtime.
D‘Marie Schockmel ennerhält sech mat mam Marco Pütz, a mat der Sophie Balbeur an dem Nik Bohnenberger vun der FLAC, der Fédération luxembourgeoise des auteurs et compositeurs.