Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Camille Saint-Saëns - Danse Macabre, Op.40 - Salut Salon

play_arrow Live
search

/ Musikalesch Fotoen aus der Kandheet a gëllen Erënnerungen

Klassik Aktuell

Musikalesch Fotoen aus der Kandheet a gëllen Erënnerungen

Zwee vun de ville Concerten um rainy days Festival an der Philharmonie de Sonndeg (19.11.)

auto_stories

1 min

headphones

10 min

play_arrow

Erënnerungen aus der Kandheet – där kann ee vill hunn. A Fotoe vun deemools hunn déi meescht och nach. Dat ass och bei der Sophie Balbeur an dem Nik Bohnenberger de Fall. A si hu jeeweils ee Musekswierk doriwwer geschriwwen – dat ganz passend zum Motto “Memory” fir de rainy days Festivalan der Philharmonie. An dëse Sonndeg ginn des Wierker fir d’alleréischt Kéier vum Ensembel Ars Nova Lux opgefouert. Op engem weidere Concert dëse Sonndeg gëtt dem Marco Pütz seng nei Musek "Golden Memories" vun de "Gëllene Fraen" opgefouert - eng Kompositioun voller Humor an inspiréiert ënnert anerem um Ragtime.  
D‘Marie Schockmel ennerhält sech mat mam Marco Pütz, a mat der Sophie Balbeur an dem Nik Bohnenberger vun der FLAC, der Fédération luxembourgeoise des auteurs et compositeurs.

Lauschterenplay_arrow