Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Antonin Dvorák - Serenade fir Sträichorchester a Mi Majeur, Op.22, III. Scherzo. Vivace - Balkan Chamber Orchestra, Toshio Yanagisawa (Dir.)

play_arrow Live
search

/ Eng Saison mat villen Anniversairen

KLASSIK AKTUELL

Eng Saison mat villen Anniversairen

20 Joer Philharmonie, dem Gustavo Gimeno seng zéngt Saison, an dem Simon Rattle säi 70. Gebuertsdag. Et gëtt awer och en Abschid gefeiert...

auto_stories

1 min

headphones

8 min

play_arrow

Lauschterenplay_arrow

D'Saison 2024/2025 an der Philharmonie ass net nëmmen dem Gustavo Gimeno seng zéngt als Chefdirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker, mee och seng lescht. Dofir gëtt et e grousse 'Farewell Concert' mat Musek vum Lëtzebuerger Komponist Georges Lentz. Och eng ganz Rei aner Komponisten a Museker aus dem Land sinn am Programm vun der nächster Saison vertrueden, dorënner och ee vun de 'Rising Stars'.

Eppes fält awer op: Et gëtt keng grouss Feier fir den 20. Gebuertsdag vun der Philharmonie. De Christophe Mirkes war op der Pressekonferenz a verréit am Gespréich mam Marie Schockmel ob de Jubiläum da wierklech guer net gefeiert gëtt.