Pedo-Kriminalitéit

Enn vum Prozess géint Chirurg Joël Le Scouarnec

De fréiere franséische Chirurg Joël Le Scouarnec ass wéinst 299 Fäll vu sexueller Gewalt, déi meescht dovu géint Mannerjäreger, ugeklot.

auto_stories

1 min

© unsplash
(Foto: unsplash)

Haut sinn um Geriicht zu Vannes d'Schluss-Plaidoirien. Deem Ugeklote seng Defense huet seng Schold unerkannt. Den avocat général huet déi maximal Strof vun 20 Joer Prisong gefuerdert. De Verdikt gëtt no de leschten Aussoe vum Beschëllegten erwaart.