Radioen

On air

Musikalesch Häpperecher  |  Mike Garson - Pathetesch Variatiounen fir Piano - Herbert Schuch (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Ënner anerem zu Lëtzebuerg: Jonken Dokteren a Generaliste versammele sech

Internationale Kongress

Ënner anerem zu Lëtzebuerg: Jonken Dokteren a Generaliste versammele sech

De Stand vun de Generalisten ass keen einfachen. Hinne feelt et heiansdo un Unerkennung an d'Leit zéien dem Generalist dacks e Spezialist vir. Ënner anerem déi Ëmstänn ginn iwwer de Weekend op engem Kongress vu jonke Spezialisten ugeschwat, deen an 3 verschiddene Stied stattfënnt. 

auto_stories

4 min

headphones

7 min

D'Lisa Zangarini vun der ASBL ALMEVS, der Association luxembourgeoise des médecins en voie de spécialisation | © Morgane Weidig play_arrow
D'Lisa Zangarini vun der ASBL ALMEVS, der Association luxembourgeoise des médecins en voie de spécialisation (Foto: Morgane Weidig)

Vun haut Freideg a bis e Sonndeg sinn eng 200 jonk Doktere beieneen, fir ee Kongress, deen een Dag zu Lëtzebuerg, een Dag zu Homburg, an een Dag zu Stroossbuerg stattfënnt. Et ass e Kongress vu jonke Generalisten, déi entweeder nach an der Ausbildung sinn, oder sech grad etabléiert hunn. Méi wéi 200 jonk Dokteren aus ganzer 28 Länner hu sech ugemellt, europäesche Länner haaptsächlech, mee och vu méi wäit: Aus Japan, Bolivien, Georgien, dem Iran oder nach Russland.

Och de Generalist ass spezialiséiert

Organiséiert gëtt dee Forum vum European Young Family Doctors Movement, deen all Joer anzwousch anescht ass. Dës Kéier organiséiert vun der Lëtzebuerger ALMEVS, der Associatioun vun den Dokteren en voie de spécialisation. D’Lisa Zangarini gehéiert zu der Organisatiounsekipp vun deem Kongress an erzielt am 100,7-Interview, datt hir auslännesch Kolleegen duerchaus mat de selwechte Problemer gehäit sinn, wéi hei zu Lëtzebuerg. Een dovunner ass de Manktem u Wäertschätzung, iwwer deen d’Hausdoktere sech heiansdo bekloen.

“Mir gesinn dat als ee Problem un, well d'Médecine générale eng Spezialisatioun ass, déi ganz vill zu der Santé publique bäidréit. Zu Lëtzebuerg ass d'Médecine générale offiziell nach net als Spezialisatioun unerkannt. An a villen aneren europäesche Länner ass dat awer de Fall. Zum Beispill an Däitschland oder Frankräich ass et scho säit 20 Joer als Spezialisatioun unerkannt.”

Ville Leit wier guer net bewosst, datt eeben och Generalisten eng Spezialisatioun maachen. Et handelt sech also net just ëm eng Basisausbildung, no där ee fäerdeg ass. D’Lisa Zangarini erkläert, datt dat viru ronn 30 Joer nach de Fall war. Hautdesdaags ass et anescht. Op der Uni.lu gëtt beispillsweis eng Spezialisatioun vu 4 Joer ugebueden. An anere Länner kann dës souguer bis zu 5 Joer daueren.

"Dat ass eng Spezialisatioun wéi all aner Spezialisatioun och, mat Kompetenzen, déi engem bäibruecht ginn, déi aner Spezialisten dann net hunn dee Moment."

Patiente ginn ze dacks Ëmweer

Zu Lëtzebuerg hunn 30 Prozent vun de Leit keen Hausdokter. Deen Taux ass an enger Campagne vum Santésministère genannt ginn. D’Lisa Zangarini seet, datt et schwéier ass, deen Taux mat anere Länner ze vergläichen. Si nennt awer d’Beispill vun Holland, wou d’Leit een Hausdokter mussen hunn.

Zu Lëtzebuerg hätt een ee méi liberale Gesondheetssystem. Dat bedeit, datt d'Leit scho vill méi fréi Accès zu Spezialisten hunn. Dat wier och gutt esou, betount déi jonk Generalistin, mee esou gesinn d’Leit de Besoin net méi fir och nach ee festen Hausdokter ze hunn.

"Ob et elo ee Problem ass, datt d'Leit direkt kënne bei e Spezialiste goen, géif ech elo net soen. An ob dat erkläert, wisou d'Leit dann de Generalist souzesoen ‘bypasséieren’, kann ech och net mat Sécherheet soen. Et ass op jiddefalls esou, datt d'Leit sech net bewosst sinn, wat de Benefice ass vum Generalist."

Esou kéint et dacks de Fall sinn, datt d'Leit bei de falsche Spezialist ginn, mengt d’Lisa Zangarini. Dat bedeit, datt d’Patienten dacks Ëmweeër ginn, an dat ka wäertvoll Zäit kaschten. De Generalist, deen dat Ganzt gesäit, hätt eng méi holistesch Vue a kéint de Patient besser guidéieren. De beschten Dokter wier deen, deen de Patient richteg orientéieren an informéiere kann, ënnersträicht d’Lisa Zangarini.

De Ministère probéiert aktuell mat der Campagne “I love my Hausdokter” déi wichteg Roll vum Generalist ze ënnersträichen. Vum Gefill um Terrain hier fënnt d’Lisa Zangarini net, datt sech bis elo vill geännert huet. Si betount awer och, datt d’Campagne nach net esou laang leeft, an datt een d’Resultat herno objektiv analyséiere muss.

Méi prezis Donnéeë fir d'Generalisten

Een Theema um Kongress vun dësem Weekend ass ënner anerem d'Fuerschung am Beräich vun der Médecine générale. D’Generalistin erkläert am 100,7-Interview, datt vill Leitlinnen an Approchen, déi an der Médécine générale benotzt ginn, op Donnéeë baséieren, déi aus de Spideeler kommen. Dës sinn awer dacks net un der Realitéit vum Terrain vun de Generalisten ugepasst. Krankheete kënne sech um Terrain zum Beispill anescht a méi fréi presentéieren, mat manner klore Symptomer, wéi wann d'Leit e bësse waarden an dann an d'Spidol ginn.

"Et ass ganz wichteg, datt mir Date vum Terrain vu Lëtzebuerg sammelen an analyséieren. Dat heescht Fuerschung an der Medezin générale. Aktuell gëtt dat gemaach op der Uni.lu vu justement den Dokteren, déi an der Ausbildung sinn."

Dat ass mam Diplôme d'études spécialisées kombinéiert, wouduerch een ee Joer huet, wou ee sech Vollzäit kann op Fuerschung fokusséieren, erkläert d’Lisa Zangarini. Dëse Programm gëtt et awer eréischt zënter 2021. Ausbaufäeg wier ënner anerem d’Kollaboratioun mat den nationalen an internationale Fuerschungsinstitutiounen. 

Lauschterenplay_arrow