Radioen

On air

De barocke Moien  |  Johann Sebastian Bach - Concerto fir Piano Nr.4 a La Majeur, BWV. 1055, I. Allegro - Francesco Tristano (Piano), The New Bach Players

play_arrow Live
opus

/ Ënnerschrëfte fir eng pro-palästinensesch Petitioun sinn net validéiert ginn

Prezedenzfall an der Petitiounskommissioun

Ënnerschrëfte fir eng pro-palästinensesch Petitioun sinn net validéiert ginn

An der Petitiounskommissioun vun der Chamber gouf et um Mëttwochmoien e Prezedenzfall: D’Ënnerschrëfte fir eng Petitioun, déi Sanktioune géint Israel wéinst senger Politik géintiwwer Palästina fuerdert, sinn net validéiert ginn. Dat confirméiert d’Kommissiounspresidentin Francine Closener op Nofro hin.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow

E bësse méi wéi 4.700 Stëmmen hat déi betraffe Petitioun kritt an domadder de Seuil erreecht fir am Plenum debattéiert ze ginn.

D’Petitioun fuerdert, datt Lëtzebuerg Israel misst wéinst senger Palästina-Politik sanktionéieren. D’Zil vun der Petitioun selwer gouf vun der Petitiounskommissioun net als problematesch ugesinn. Allerdéngs hat de Petitionär, respektiv ee vu sengen Ënnerstëtzer, op Flyeren, déi Reklamm fir d’Petitioun gemaach hunn, de Logo vun der Chamber benotzt, wat net erlaabt ass.

Logo vun der Chamber hätt net dierfte benotzt ginn

An deem Fall war dat de Comité pour une paix juste. De Petitionär hat sech fir de Gebrauch vum Logo entschëllegt an erkläert, alles ze maachen, fir datt de Logo vun all Flyer verschwënnt. De 5. Februar huet d’Conférence des présidents trotzdeem erkläert, datt d’Petitioun an d’Ënnerschrëfte sollten ugeholl ginn.

Um Mëttwochmoien an der Chamberkommissioun gouf et elo awer e Revirement: Sämtlech Parteivertrieder bis op déi gréng an d’CSV-Deputéiert Nancy Arendt hu sech dofir ausgeschwat, d’Signaturen net ze validéieren, an d’Petitioun zeréck un d’Conférence des présidents ze schécken.

Ënnerschrëfte wäerte wuel validéiert ginn

D’Presidentin vun der Petitiounskommissioun Francine Closener erkläert am 100,7-Interview, datt d'Petitiounskommissioun majoritär der Meenung war, datt si aus Grënn vun der Kohärenz d'Signaturen awer net géif validéieren. Dat, well d'Kommissioun der Meenung ass, datt et sech ëm e Vice de procédure gehandelt huet. Als Kommissioun kéint een elo net garantéieren, datt sämtlech Ënnerschrëften op eng regulär Aart a Weis gesammelt gi sinn.

"An duerfir ass dunn decidéiert ginn, der Conférence des présidents dann och d'Decisioun vun der Validatioun oder Net-Validatioun vun den Ënnerschrëften ze iwwerloossen."

Et wier awer dervunner auszegoen, datt d’Conférence des présidents bei hirer Positioun bleift an d’Ënnerschrëften trotzdeem wäert validéieren, sou datt et zu engem ëffentlechen Debat an der Chamber kënnt. An Zukunft kéint dat awer an esou engem Fall anescht sinn: Da soll nämlech d’Petitiounskommissioun selwer, an net d’Conférence des Présidents doriwwer entscheeden. Dat gesäit een neit Reglement vir, dat e Samschdeg a Kraaft trëtt.

Lauschterenplay_arrow