1995 huet alles ugefaangen. Den Darko Milowich huet, passend zu sengem Virnumm, den "Ensemble d'arco" gegrënnt. Mat dobäi waren och deemools scho grouss Museker:innen aus dem Land. Nieft dem Geiist deen ursprünglech aus Serbie kënnt, sinn och aner Museker:inne vun de Lëtzebuerger Philharmonker mat dobäi. Eppes wat den Ensembel och besonnesch mécht, ass datt si ursprénglech vun dräi verschiddene Kontinenter kommen. Dat wichtegst war schonn ëmme d'Zesummekomme vu verschiddene Mënschen a Natiounen.
De Samschde 14. Juni spillt den Ensembel ee Concert an der Philharmonie, bei deem zwee Programmer fusionéiert goufen: ee voller Humor an iwwert de Witz an een iwwert de Krich.
Den Darko Milowich verréit méi am Gespréich mam Marie Schockmel.