Entdeckerfreed
De Mahler Chamber Orchestra ass en autonomen Orchester an deem net einfach ee Manager d’Soen huet, mee d’Musekerinnen a Museker. An esou presentéiert sech dëse Kammerorchester als e Klangkierper, dee permanent op der Sich ass no neien artisteschen Aventuren. Dat gëtt och an der Programmatioun vun hirem neien Disk däitlech. Nieft der Pulcinella Suite vum Igor Stravinsky, ginn nämlech och 2 éischter onbekannte Wierker vum Manuel de Falla gespillt: de Concerto fir Cembalo an Orchester an déi kuerz Oper ‘El retablo de maese Pedro’.
Dat si Wierker, déi dem Manuel de Falla sengem Ruff, als Komponist vu spuenesche Kläng, net gerecht ginn. Hei entdeckt een eng aner Säit vum andalusesche Komponist.
Interpretatioun
Den Dirigent Pablo Heras-Casado huet éischter séier Tempi gewielt. Dat ass bei sou rhythmescher, accentuéierter Musek, ouni grouss melodiéis Passagen e gudde Choix. Doduerch behält d’Musek ëmmer nach en dänzeresche Charakter. An all perkussiv Elementer ënnerstëtze bei der Interpretatioun vum Mahler Chamber Orchestra de musikalesche Floss. De Choix, fir d’Schäerft vun den Akzenter méi duerch Prezisioun, a manner duerch Lautstäerkt ze marquéieren, huet hei sécher gehollef.
