Den 31. August geet e lass: de Marathon mat den insgesamt 11 Sinfonië vum Anton Bruckner. Déi ginn all der Rei no op der Diddelenger Uergel am Kader vum Festival International de l'Orgue opgefouert. Déi Fassunge fir Uergel hunn awer fir d'éischt mol misse geschriwwe ginn. A bei sou grousse Wierker ass dat net just ee Projet fir puer Méint.
De Christophe Mirkes huet den Eberhardt Klotz, deem seng Uergel-Transkritptioune vum Bruckner senge Sinfonien zu Diddeleng gespillt ginn, getraff. Um Duxall vun der Kierch St. Martin krut hien all Froen zu deem Mammut-Projet, deem den Organist sech verschriwwen hat, beäntwert.
De komplette Programm mat de Concertsdatumer fannt dir hei.