D’Errollyn Wallen ass eng faszinéierend afrobrittesch Komponistin a Musekerin, déi am Museum of Modern Art zu New York, am Barbican zu London a souguer schonn am Weltraum gespillt gouf. Si huet fir d’Queen komponéiert, fir d’BBC a fir d’Londoner Proms. Eng Fra virun där ee sech nëmme ka verneigen, mengt d’Maria Gutierrez.