De Vadim Gluzman ass e Geiist dee vill ronderëm d’Welt reest fir seng Concerten. De nächste Méinden (30.09.) verschléit et hien erëm op Lëtzebuerg, fir e Concert an der Philharmonie. Do steet hien zesumme mat de Solistes Européens, Luxembourg op der grousser Bün.
Dem Marie Schockmel huet de Vadim Gluzman ënnert anerem verroden, datt hie sech wéi een Theaterschauspiller fillt beim zweete Geieconcerto vum Sergei Prokofiev, an datt hie sech freet elo erëm mat de Solistes Européens, Luxembourg ze spillen.