De Pianist Jean Muller an d’Geiistin Martha Khadem-Missagh si net nëmmen alle béid Enseignanten am Stater Conservatoire an hunn hir Solo-Karriären. Déi zwee spillen och am Duo, an dat schonn zanter ronn 20 Joer. De Sonnden 10. Mäerz ass hiren nächste Concert zesummen. Am Kader vum Museksfestival vum Buerglënster Schlass spillt den Duo Sonate vum Beethoven. D’Marie Schockmel huet mat hinne geschwat, ënnert anerem doriwwer wat fir eng Roll de Spaass bei de Prouwe spillt, a firwat genee de Beethoven um Programm steet.