Den Aarbechtsminister seet hie géing dovunner ausgoen, datt op mannst 400 Aarbechtsplaze gestrach ginn, esou wéi verschidde Medien dat scho gemellt haten.
"Ech menge schonn datt ee sech elo op déi Gréisstenuerdnung muss astellen. Si hunn elo, wéi gesot, keng definitiv Zuel gesot, obwuel ech nach eng Kéier nogefrot hunn. Si hunn dovu geschwat, datt eventuell och déi Zuel, déi am Raum stoung, eventuell géif erofgoen, mee et ass awer näischt méi komm. Also et si virun allem Plaze bei Amazon, déi, wéi gesot, d'ganz Welt och betreffen, also et si jo 14.000 Plazen, déi insgesamt ofgebaut ginn, global. An et ass esou, datt eeben dann och de Standuert Lëtzebuerg betraff ass."
Amazon hätt déi Entloossungen nach net offiziell matgedeelt. Een offiziellen Entloossungsbréif géif et awer eréischt vu Januar u ginn, esou déi Responsabel vun Amazon.
Plan de maintien dans l'emploi Präferenz vum Georges Mischo - Amazon hält sech bedeckt
De Georges Mischo betount och hien hätt de Responsabele vun Amazon un d’Häerz geluecht e Plan de maintien dans l’emploi mat de Gewerkschaften auszeschaffen, mee do gëtt et fir den Ament keen Engagement vun Amazon, esou den CSV-Aarbechtsminister.
"Si hunn elo keng definitiv Aussoe gemaach, ob et e Plan social gëtt oder e Plan de maintien de l'emploi gëtt. Also mir hunn hinnen de Plan de maintien de l'emploi nach eng Kéier duergeluecht an och explizéiert an och gesot, datt dat de Wee wier, wou mir géife preferéieren. Awer et ass elo keng Zuel komm, keng Decisioun komm vun Amazon, wat se elo maachen, ob se e Plan social maachen oder ob se sech awer fir e Plan de maintien de l'emploi géifen entscheeden."
An der Entrevue war och d’Direktesch vun der ADEM present. Si huet de Responsabele vun Amazon un d’Häerz geluecht, esou séier ewéi méiglech d’Profiller vun de Betraffene matzedeelen, fir datt een d’Läit och kann effizient begleede fir eng nei Beschäftegung ze fannen. Virun Allem betraff wieren déi administrativ Servicer, ewéi de Marketing, d’Finanzen an d’Ressources humaines.