Radioen

On air

Notturno  |  Maddalena Lombardini Sirmen - Concerto fir Gei Nr.1 a Si bémol Majeur, Op. 3, I. Allegro - Zefira Valova (Gei/Dir.), Il Pomo d'Oro

play_arrow Live
opus

/ "Ech sinn Cello studéire gaangen duerch de Projet ONJ"

Klassik Aktuell

"Ech sinn Cello studéire gaangen duerch de Projet ONJ"

Den ONJ ass säit Deeg a Residenz am Mierscher Theater a prouft fir säi kommende Concert, dëse Samsden zu Miersch an den Dag drop zu Apeldoorn an Holland.

auto_stories

1 min

headphones

8 min

© (c) Alfonso Salgueiro play_arrow

Den Orchestre National des Jeunes du Luxembourg ass säit leschtem Freiden a Residenz am Mierscher Theater. Insgesamt si 60 jonk Museker·inne aus Lëtzebuerg an dem Ausland dobäi an dat ënnert der Leedung vum Pit Brosius. Et ass awer net nemmen eng Prouf fir de kommende Concert, mee ënner anerem ginn et och Workshops a Masterclassen.

De Concert am Mierscher Theater ass den 27. Juli owes um 8 Auer an um Programm sti Kompositioune vum Prokofiev, Bartók a Korngold. 

Den Dag drop fueren si op Apeldoorn, an Holland, am Kader vum Muziekzomer Gelderland a spillen de Concert nach eng Kéier. Dat Ganzt ass Deel vun engem Austausch, dofir kënnt den Jeugdorkest Nederland e puer Deeg drop dann och op Lëtzebuerg a spillt e Concert an der Stater Kathedral.

D'Marie Trussart huet mam Dirigent Pit Brosius a mat der Cellistin Désirée Bonacci iwwer d'Residenz geschwat, iwwer de Programm vum Concert an huet ënner anerem erausfonnt, wat den Orchester ofgesi vum Alter vu senge Memberen eigentlech "jonk" mécht.

Lauschterenplay_arrow