Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Marin Marais - La Guitare - Ensemble Vedado, Ronald Martin Alonso (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ EU-Ausseministertreffen mat ukraineschem Ausseminister

Militäresch Hëllef fir d'Ukrain

EU-Ausseministertreffen mat ukraineschem Ausseminister

Zu Bréissel diskutéieren d’EU-Ausseministeren de Méindegmoien iwwer weider militäresch Hëllefe fir d'Ukrain. Dobäi soll d’EU-Aussebeoptraagt Kaja Kallas d'Propos maachen, datt Kiew dëst Joer Hëllef an Héicht vun 20 bis 40 Milliarden Euro soll kréien.

auto_stories

1 min

© European Union
Foto: European Union

D'EU-Memberlänner sollen hir Bäiträg a Funktioun vun hirer Wirtschaftskraaft leeschten. Fir ze verhënneren, datt eenzel Regierungen hire Veto aleeën, sollen d'Bäiträg fräiwëlleg sinn. Virun allem Ungarn refuséiert d'EU-Militärhëllefen.

Den ungaresche Ministerpresident Viktor Orbán hat dowéinst schonn duerchgesat kritt, datt d'EU-Sanktioune géint verschidde Russen opgehuewe goufen. 

Zu Bréissel ass haut och den ukraineschen Ausseminister dobäi.