Den Europäesche Kulturpräis gëtt fir déi éischte Kéier a senger Geschicht zu Lëtzebuerg iwwerreecht - an zwar an der Philharmonie. Perséinlechkeeten oder Institutioune mat grousse kulturelle Verdéngschter ginn ausgezeechent. Dëst Joer spillen d'Lëtzebuerger Philharmoniker net nëmmen um Gala-Concert, mee si si selwer och Präisträger. De Christophe Mirkes huet eng Zesummestellung gemaach vun alle Lauréaten, a gëtt en Abléck an déi musikalesch Programmatioun.