Am Mëttelpunkt vum Programm steet ee bekannten Numm: Johann Sebastian Bach.
Vun him ginn et Chouerwierker aus Advents- a Chrëschtdagskantaten. Och dat berüümt Jesus bleibet meine Freude. Zousätzlech dozou gëtt de Programm erweidert duerch festleche Barock am italieeneschen Gusto mat Wierker vum Antonio Vivaldi, Francesco Manfredini awer och dem Georg Friedrich Händel.
De Concert mam Commentaire vum Joachim Fontaine kënnt dir nach bis den 15. Januar 2025 bei eis lauschteren.