Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Gioachino Rossini (arr. Robert-Nicolas-Charles Bochsa) - Ouverture aus "Il Barbiere Di Siviglia" - Duo Praxedis

play_arrow Live
opus

/ Eventuelle Waffestëllstand am Libanon

Noen Osten

Eventuelle Waffestëllstand am Libanon

Dat israeelescht Sécherheetskabinett ass um Dënschdegnomëtten zu Tel-Aviv zesummekomm fir iwwert e Waffestëllstand am Libanon ze diskutéieren. Gläichzäiteg fiert Israel mat sengen Attacken am Libanon weider.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Grenz Israel Libanon | © picture alliance/dpa | Ilia Yefimovich play_arrow
Grenz tëschen Israel a Libanon (Foto: picture alliance/dpa | Ilia Yefimovich)

Och haut um Dënschdeg huet déi israeelesch Arméi, e puer Stonne virun de Gespréicher iwwer déi geplangte Waffepaus, op en Neits Ziler an der libanesescher Haaptstad Beirut attackéiert. De libaneseschen Autoritéiten no wieren dobäi op d’mannst dräi Mënschen ëm d’Liewe komm an zéng weider Persoune blesséiert ginn.

Déi israeelesch Arméi hätt keng Warnung fir déi Attack erausginn.

USA proposéiert Waffestëllstand vu 60 Deeg

Zënter Woche scho gëtt vun den USA eng Waffepaus tëschent Israel an der pro-iranescher Hisbollah gefuerdert. Vill Detailer waren awer am Virfeld awer net bekannt. Um Dësch louch eng Propos vun den USA fir ee Waffestëllstand vu 60 Deeg. Deemno soll Israel sech progressiv aus dem Süde vum Libanon zréckzéien, an déi pro-iranesch Hisbollah Miliz och hir Presenz an Aktivitéiten do op en Enn bréngen.

Zënter dem Ufank vum Krich an der Gazasträif am Oktober zejoert gräift och d’Hisbollah Israel mat Rakéiten un. Zënterhier huet sech d’Situatioun un der israeelesch-libanesescher Grenz verschäerft. Dat virun allem no den déidlechen Attacken op den Hamas-Leader Ismail Hanija an den Hisbollah-Chef Hassan Nasrallah.

Virun zwee Méint huet Israel eng Buedemoffensiv am Süde vum Libanon lancéiert fir op d‘Attacke vun der Hisbollah ze reagéieren. 

Lauschterenplay_arrow