Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
opus

/ Ex-President vum SNPGL wiert sech um Verwaltungsgeriicht géint Avertissement

Justiz

Ex-President vum SNPGL wiert sech um Verwaltungsgeriicht géint Avertissement

De Pascal Ricquier, Ex-President vun der Gewerkschaft vun der Force publique, wiert sech um Verwaltungsgeriicht géint en Avertissement, deen hien 2022 ausgesprach krut. Am Avertissement vun der Procureure générale huet de Pascal Ricquier e Versuch gesinn, fir him als Gewerkschaftspresident e Maulkuerf unzedoen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Eric Ewald

D’Procureure générale d’État Martine Solovieff hat deen Avertissement géint de Syndikalist gesprach. Den Hannergrond war: De Pascal Ricquier hat 12 Leit aus der Policespëtzt wéinst der Gestioun vun den Iwwerstonne vu Polizisten um Terrain a vun de Rouzäite kritiséiert.

Keng gesetzlech Basis fir sou Avertissementer

Säin Affekot huet sech de Moien dann och virun allem mat der Fro no der Meenungsfräiheet vun engem Syndikalist befaasst. An och mat där, ob et iwwerhaapt eng gesetzlech Basis fir sou en Avertissement gëtt. D’Äntwert, sou de Me Marc Kohnen, hätt d’Procureure générale d’État Martine Solovieff selwer an enger Chamberkommissioun ginn, an zwar: Nee.

Nawell wier deen Avertissement géint de Gewerkschaftler Pascal Ricquier gesprach ginn. Well dat eng Mesure administrative wier, hätt een eben d’Verwaltungsgeriicht saiséiert.

D'Fro vun der Meenungsfräiheet

Wuel hätt engem Syndikalist seng Meenungsfräiheet Limitten, mee hei wier et zu engem Maulkuerf fir säi Client komm, argumentéiert de Pascal Ricquier.

"Wann Der als Gewerkschaftler en Avertissement kritt, da kënnt Der Är Aarbecht net sou maachen, wéi Der sollt. E muss Angscht hunn, sech net méi fräi ausdrécken ze kënnen."

De Vertrieder vum Staat huet dat ganz anescht gesinn: A sengen Aen ass en Avertissement eng Informatioun a keng Menace an och keng Decisioun administrative. Och de Fait, datt sou en Avertissement net wuertwiertlech am Code de procédure pénale stéing, géif net heeschen, dass et keng gesetzlech Basis dofir géif ginn. An och wann e Syndikalist méi eng breet Marge de manoeuvre hätt, kéint och hien eng rout Linn iwwerschreiden. Och d’Meenungsfräiheet am Syndikalissem hätt deemno hir Limitten.

Avertissement huet Rechter net ageschränkt

Dobäi kéim, datt dem Ex-Gewerkschaftspresident seng Rechter duerch deen Avertissement net ageschränkt gi wären. Zu gudder Lescht wär, wéi de Vertrieder vum Stat gemengt huet, d’Verwaltungsgeriicht net kompetent, fir an dëser Fro eng Decisioun ze huelen.

En Urteel an dëser Affär gëtt an den nächste Woche gesprach.

  Lauschterenplay_arrow