Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
opus

/ Exotesch Liewensmëttel si geféierlech fir déi heemesch Planzewelt

D'Liewensmëttelverwaltung erkläert

Exotesch Liewensmëttel si geféierlech fir déi heemesch Planzewelt

Et ass net erlaabt fir exotesch Liewensmëttel aus Drëttstaate mat heem ze bréngen, well se ganz schiedlech fir Natur an Ëmwelt kënne sinn, sou d‘Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung ALVA.

auto_stories

3 min

Eng Schlaangefruucht (Foto: picture alliance / imageBROKER | Siegra Asmoel)

Virun allem elo an der Summerzäit profitéiere vill Leit, fir emol méi wäit ze reese fir hir Vakanz. An do kéint esou muncheree mol a Versuchung geroden, fir Planzen, Geseems, Uebst oder Geméis als Souvenir mat heem ze bréngen, déi een heiheem net esou kennt. Unzeroden ass dat awer net, erlaabt och net, well heefeg transportéiert een net just déi lackeleg Friichte mat an d’Land, erkläert d’Dokter Malou Grasges, Veterinärinspektesch bei der ALVA.

Et géif ganz streng Reegele ginn, well soss Kränkte kéinte mat erakommen, déi fir d‘Planzewelt geféierlech kënne sinn.

"Sief et Larve vu Mécken oder Käferen, oder sief et Bakterien oder Viren, déi op de Friichte sinn, déi op de Schuelen eventuell iwwerliewen a mat eraus an d’Natur kommen."

Verschidden europäesch Länner si scho betraff

Schonn e puer Exemplairë vun de sougenannte Bioinvasore kënnen duergoe fir bannent kuerzer Zäit grousse Schued unzeriichten.

Den Asiatesche Laubkäfer ass esou e Beispill, deen an enger Rei Länner an Europa vill Beem befall an zerstéiert huet. Éisträich an Däitschland hu schonn ee Probleem, Italie wier amgaangen e Probleem ze kréien, genee wéi Frankräich, sou d‘Malou Grasges.

"Dat si Kränkten, déi et bei eis net gëtt, also gëtt et och keng direkt Prédateuren oder Géigespiller vun deene Kränkten, an dann hutt der e Problem."

De Schwéngspeschtvirus ass immens resistent

E weidert Beispill aus der Déierewelt ass déi Afrikanesch Schwéngspescht, déi geféierlech ass fir eis Haus- a Wëllschwäin. Wann de Virus bis am Fleesch wier, da kéint dat Fleesch verwäert ginn, ouni fir de Mënsch geféierlech ze ginn. De Virus iwwerlieft och wann een d‘Fleesch afréiert oder dréchent.

"Wann dir mat ärem Hamebréitchen hei ukommt an dir hutt keng Loscht méi an dir schmäisst dat an d’Natur, an e Wëllschwäi frësst dat. Dann hu mer et. An dat ass bei de Planze genee den nämmlechte Prinzip."

Et gëtt Ausnamen

Eenzeg Ananas, Banannen, Dattelen, Durian a Kokosnoss dierf een als Privatpersoun a Quantitéite bis zu 2 Kilo aus Drëttstaaten an d’EU importéieren "well do erausfonnt ginn ass, datt do net vill ka mat erakommen". All dat anert Uebst a Geméis bräicht e Gesondheetscertificat.

"Dat heescht, wann der um Findel ukommt, oder wann der soss an der EU ukommt an är Valise gëtt kontrolléiert, da ginn déi erausgeholl an da ginn déi saiséiert an zerstéiert."

An dat gëtt de Staat, dee sech ëm déi Destruktioun bekëmmert, net grad bëlleg, erkläert d’Malou Grasges. Besser ass et also, et léisst ee sech d’Uebst a Geméis an der Vakanz gutt schmaachen a bréngt duerno just de Souvenir oder eng Foto dovu mat heem.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Ernärung
Ëmwelt