Et gi jo Leit, déi héiere Faarwen, oder gesinn Téin. Een dovunner ass de Kamille Kerger – e Komponsit, deen dës Vermëschung vu Sënner elo an engem neie Wierk vertount huet. An genee esou, wéi beim Komponéieren, ginn och bei der Opféierung déi Béid Sënner „Kucken“ an „Héieren“ matenee vermécht. D‘Wierk „ARC-EN-CIEL“ ass ab en Donneschdeg nämlech am Théâtre National du Luxembourg z‘erliewen, mam Ensembel Kammerata Luxembourg, der Choreographin Jill Crovisier an dem Luuchtkënschtler Marc Thein.
De Luc Boentges huet sech mam Komponist an der Choreographin zesumme gesat, fir méi iwwer dëse Projet gewuer ze ginn.