Klassik Aktuell

"Making sad music makes me happier"

Den italienesche Pianist a Komponist Fabrizio Paterlini kënnt op Lëtzebuerg a spillt zu Klierf an der Loretto Kapell.

auto_stories

1 min

headphones

7 min

play_arrow

Dëse Samschden (1.06) um 8 Auer owes ass an der Loretto Kapell zu Klierf e ganz besonnesche Concert: Den italieenesche Komponist a Pianist Fabrizio Paterlini spillt fir déi éischte Kéier zu Lëtzebuerg. Hie kënnt aus Mantua a vergläicht seng Musek mat engem Glas roude Wäin, deen een Owes am Summer drénkt: se mécht nodenklech a berouegt gläichzäiteg. De Pianist huet dem Marie Trussart ënner anerem verrode wéi seng Klangwelt entsteet a wéi seng Musek vum Jazz a Pop/Rock beaflosst gëtt. Weider Informatiounen an Ticketen fannt Dir hei.

Lauschterenplay_arrow