Radioen

On air

Notturno  |  Maurice Ravel - Sträichquartett a Fa Majeur - Amaryllis Quartett

play_arrow Live
arrow_back_ios

digital-library

digital-library

/ Programm um opus 100,7

Wat leeft wéini?

Programm um opus 100,7

Den traditionelle Chrëschtconcert live aus der Philharmonie, Filmmusek aus Chrëschtdagsfilmer an dem Tschaikowksi säin “Nussknacker”: D’Ekipp vum opus 100,7 proposéiert ronderëm dës besonnesch Zäit eng ganz Rei passend Concerten.

auto_stories

4 min

Elo schonn an der Mediathéik!

Dir géift léiwer e Concert zu enger anerer Zäit lauschteren, wéi en um Radio leeft, oder wëllt Iech Ären eegene Programm zesummestellen? An der Mediathéik vum opus 100,7 kënnt Dir all eis Concerte no hirer Diffusioun nolauschteren, wou a wéini et Iech am beschte passt.

Den Nussknacker vum Tschaikowski

Den Nussknacker vum Tschaikowski ass e Wierk, dat an der Chrëschtdagszäit net feelen dierf. D’Musek vun dësem weltberüümte Ballet gëtt vum Orchestre National de France ënner der Direktioun vum Fabien Gabel gespillt.

Lauschteren

Weihnachtsoratorium & Co.

Mam Concert “Christmas Glory by Bach and his contemporaries” geet et zeréck an de Barock. Wéi den Titel et scho verréit, héiert een hei ofwiesselnd Wierker vum Johann Sebastian Bach a sengen Zäitgenossen. Dorënner de Francesco Onofrio Manfredini, den Antonio Vivaldi an de Georg Fiederich Händel. Um Programm stinn ënner anerem zwee Extraiten aus dem Bach sengem Weihnachtsoratorium. Gespillt gëtt de Concert vun der NDR Radiophilharmonie ënner der Leedung vum Michael Hofstetter.

Lauschteren

Den traditionelle Chrëschtconcert aus der Philharmonie

Lauschtert deen traditionelle Chrëschtconcert vun de Lëtzebuerger Philharmoniker aus der Philharmonie. Wéi all Joer sti bekannte Chrëschtdagslidder fir matzesangen um Programm. Op der Bün sinn d’Lëtzebuerger Philharmoniker, de Choeur de Chambre an de Pueri Cantores vum Stater Conservatoire, Sängerinnen a Sänger vum Chouer vum INECC Luxembourg an de Maurice Clement op der Uergel ënner der Leedung vum Ivan Boumans an dem Pierre Nimax. 

Lauschteren

Um Programm:

Sonndes // 22.12: De Christus-Oratorium vum Franz Liszt

Um 20:00 Auer steet dee sielen opgeféierte Christus-Oratorium vum Franz Liszt um Programm. Et ass e Wierk, un deem de Komponist wärend véier Joer zu Roum komponéiert huet, an dat ëmmer erëm als Geheimtipp ënner Experte kurséiert. Den John Storgards dirigéiert de Chouer an den Orchester vum spuenesche Radio.

Programm

Méindes // 23.12: Klassiker aus de Chrëschtdagsfilmer

Christmas Classics at the movies” ass den Titel vum Concert, deen de Joachim Fontaine um 20:00 Auer presentéiert. De Münchner Rundfunkorchester, ënner der Leedung vum Gavin Sutherland, spillt bekannte Stécker aus Chrëschtdagsfilmer.

Programm

1. Chrëschtdag // 25.12: 

Um 12:00 Auer no den Noriichte steet de Concert apéritif “Auf der gleichen Saite” um Programm, bei deem fënnef Museker vun de Lëtzebuerger Philharmoniker an enger Kammermuseksformatioun spillen. Um Programm stinn d’Märchenerzählungen op.132 an de Klavierquartett op.47 vum Robert Schumann an d'Phantasy for Piano Quartet H.94 vum Frank Bridge. 

Programm

Um 20:00 steet deen traditionelle Concert Au seuil de l’avent 2024 vun der Maîtrise vun der Kathedral zesumme mam Estro Armonico op der Affiche. De Programm vun dësem Concert, deen den 1. Dezember 2024 an der Kathedral opgeholl gouf, steet ganz am Zeeche vum Anton Bruckner, deem säin 200. Gebuertsdag dës Saison gefeiert gëtt. Ze héiere sinn ënner anerem seng “Missa Solemnis” a säi “Magnificat”.

Programm

2. Chrëschtdag // 26.12:

Um 12:00 Auer no den Noriichte steet de Lëtzebuergeschen Cellist Benjamin Kruithof am Mëttelpunkt. Den 1. Oktober 2024 ass hien an der Serie Rising Stars an der Philharmonie opgetrueden, zesumme mam Pianist Marco Sanna. Um Programm stoungen d’Cellosonate vum Ludwig van Beethoven (Nr.5) a vum Sergueï Rachmaninov (op.18) an zwou Kompositioune vun der Nadia Boulanger an der Sally Beamish.

Programm

Neijoerschdag // 1.1.2025: Neijoerschconcert mat de Wiener Philharmoniker live um opus 100,7

An iwwer 90 Länner gëtt dee beléiften Neijoerschconcert vun de Wiener Philharmoniker iwwerdroen. Dorënner och Lëtzebuerg, um opus 100,7. De Riccardo Muti dirigéiert dee renomméierten Orchester mat Wierker aus der Strauß-Dynastie an hiren Zäitgenossen. De Rendez-vous ass um 11:15 Auer.

Programm

Mëttwoch // 8.1.2025: Neijoerschconcert mat de Lëtzebuerger Philharmoniker live um opus 100,7

D’Lëtzebuerger Philharmoniker fänken dat neit Joer lëschteg un, mam Richard Strauss senger Toundichtung “Till Eulenspiegels lustige Streiche”. Do dernieft stinn awer och Bonbonen, wéi dem Edward Grieg seng “Morgenstimmung” oder dem Johann Strauss (Sohn) seng weltbekannt Walz “An der schönen blauen Donau”. De Rendez-vous fir dës Live-Iwwerdroung ass um 19:30 Auer.

Programm