Musique dans la Vallée 2025

Fënnef Gemenge laanscht d'Atert

All Joer tëscht Enn August an Ufank Oktober invitéiere fënnef Gemengen op d'Musique dans la Vallée. Dëst Joer mam Fokus op d'Famillen.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

Musique dans la Vallée 2025 | © aupaysdelattert.be play_arrow
Musique dans la Vallée 2025 (Foto: aupaysdelattert.be)

Op Initiativ vu fënnef Gemenge laanscht d'Atert, nämlech Attert (an der Belsch), Biekerech, Ell, Préizerdaul a Réiden ginn d'Musique dans la Vallée organiséiert.

Méi wéi just barock Musek

Eng Rees an d’Kläng vun der barocker Musek, d’Vertounung vun der ganzer Wierk-Panoplie vu verschiddenste Komponisten oder musikalesch Entdeckungsreesen an déi geeschtlech a weltlech Kultur aus Osteuropa. Dat bitt dëst Joer den Atert Festival Musique dans la Vallée.

Atert-Festival sou de Numm, well dëst Traditiounsevent am belsch-lëtzebuergeschen Atert-Dall ofgehale gëtt. Tëscht Enn August an Ufank Oktober bidden déi fënnef Gemengen, nämlech Atert an der Belsch, wéi och Biekerech, Ell, de Préizerdaul a Réiden zu Lëtzebuerg, Concerte ronderëm d’Atert un. An hei geet et ëm de Gesang.

La première particularité, c'est que le festival est dédié à la voix. Soit un chœur, soit un petit ensemble de musique de chambre avec une ou deux voix. Donc ça, c'est vraiment le fil rouge depuis la création du festival ; la voix ! - Sylvie Hubert

Seet d’Sylvie Hubert, Mat-Responsabel vum Festival “Musique dans la Vallée”.

De Festival selwer geet dobäi awer och iwwert d’Musek eraus. Am Fokus vum Austosch tëscht dëse 5 Gemenge stinn nämlech och Wanderunge, Vëlostier oder Sportaktivitéiten, mat deenen een den Zesummenhalt tëscht de Gemengen Oprecht erhale wëll.

De Musikalesche Part jiddefalls steet 2025 jiddefalls am Fokus vu 7 Concerten déi organiséiert ginn. Barock oder zäitgenëssesch Musek mat Uergel, Swing, Folk oder Jazz Aflëss. Mol vun enger Solostëmm begleet, mol mat grousser Chouerbesetzung. An tëscht bekannte Wierker aus der Museksgeschicht oder manner bekannte, kulturelle Wierker aus Osteuropa.

De Festival steet och dofir, mat neiem a Kontakt ze kommen a Saache kennenzeléieren. Dofir sief de Choix vun de Museken och gutt kuratéiert.

Alors, nous avons évidemment plusieurs critères. Il faut un minimum de voix. Nous mettons sur scène des musiciens belges et des musiciens luxembourgeois. Et on essaye chaque année d'avoir un ou deux gruppes belgiques et du Grand-Duché du Luxembourg. - Sylvie Hubert

An dat betount d’Sylvie Hubert, och wann een d’Frënn vun der klassescher Musek uviséiert, stinn an dëser Editioun och d’Familljen am Vierdergrond.

Alors ici, on va fortement dans la musique classique. C'est clair que nous avons un public amateur de musique classique. Et pour attirer un peu plus les familles, la volonté des cinq communes, c'était d'intégrer un concert supplémentaire pour attirer les familles. - Sylvie Hubert

 De ganze Programm vun de Concerte fannt dir hei.

Lauschterenplay_arrow